Awesome Image

Jugendbureau Eislék

De Jugendbureau Éislek setzt sech dofir an, dass dat politesch Interessi bei de Jonken erwächt gëtt, andeems ee Lien tëschent hirem Alldag an de politeschen Themen, déi si betreffen, gemaach gëtt. Dës Verbindung tëschent hirem Ëmfeld an der Kommunalpolitik erlaabt et de Jonken sech an hir Roll als Bierger vun hirer Gemeng an hirem Land eran ze versetzen.
Doduerch, dass déi Jonk hir Ideen a Bedierfnisser mateneen deele kennen, schaaft de Jugendbureau eng Participatiounplatz fir déi jonk Mënschen. Zudeem encouragéiert de Jugendbureau Éislek d’Jugendlecher dobäi hir Expertise a deene Beräicher, un deenen si ee staark Interessi hunn, zur Verfügung ze stellen an dono ze kucken, dass hir Virschléi och berécksiichtegt ginn.
Sou bilde Participatioun vu jonke Mënschen, d’Ausernanersetzung mat gesellschaftlechen Themen an den Aspekt vun der politescher Bildung de Grondstee vun de Projete vum Jugendbureau Éislek.