Awesome Image

Visite culturelle 2020

Wéi all Joer plangt d’Jugendhaus Wooltz och 2020 erëm eng Viste culturelle. Du frees dech elo villäicht wouhin, mä dat wëssen mir och nach net, well dëst am Grupp decidéiert gëtt. Mir treffen eis den 22. November déi éischte kéier – wann s de also Intresse hues un der Visite-Culturelle deel ze huelen komm den Dag fir 17:00 Auer an d’Jugendhaus an gëff gewuer wei dat ganzt ofleeft.

Wéi bei sou villen Aktivitéite fënns de Videoen aus vergaangene Joren ob eisem You Tube Channel

Visitten aus der Vergangenheet sinn zB:

2008 – Barcelona

2010 – Berlin

2011 – London

2012 – Wien

2013 – Stockholm

2014 – Hamburg

2015 – Lissabon

2016 – Edinburgh

2017 – Rom

2018 – Oslo

2019 – London

2020 ?