Awesome Image

Verstärkung vum edukativen Personal am Jugendhaus

Numm: Carmen Graff

Am Team säit: 1. Februar 2020

Eegenschaften: Wëssbegiereg, Motivéiert

Mottos: Maach dat, wat dech glécklech mécht!

Spezialgebitt: Motivéieren, Rou, „Open your limits“

No-Go: Pessimismus

Passioun: Sport a Natur

Stäerkten: Gedold

Schwächten: Sentimental, Angscht bei Horror-Filmer

 

Säit dem 1. Februar 2020 sinn ech Deel vun der Equipe am Jugendhaus Wooltz.

Meng Ausbildung, déi ech zu Lëtzebuerg genoss hunn, setzt sech zesummen aus dem Ofschloss vun der Educatrice diplômée a spéider hunn ech mech dunn als Natur- a Wildnispädagogin spezialiséiert. Niewebäi halen ech fir pedagogescht Personal beim Service Nationale de la Jeunesse Formatioune fir mäi Wëssen a meng praktesch Erfarunge kënne virun ze ginn.

De Programm vum Jugendhaus wäert ech duerch sportlech Aktivitéiten a spannend Wildniserfahrungen erweideren. Dat ganzt am Kader vun enger participativer an demokratescher Bedeelegung vum Grupp am Sënn vun enger positiver Entwécklung a Wäertschätzung vum Jugendlechen.