Awesome Image

Fotoen – Jugendpräis Wooltz 2019

Fotoen vum Jugenddag & Jugendpräis 2019 zu Wooltz sinn online!

D’Gewënner sti fest, a 5 Kategorien sinn d’Finaliste gëschterowend zu Wooltz am Schlass geéiert gi. De Kris Clees (Natur&Ëmwelt), d’Susanna van Tonder (Besonnesch Leeschtung), de Fränz Dormans (Kreativitéit), den Philippe Ernzer (Technik & Innovatioun) souwéi “A-Team” Animateuren vum Jugendhaus Wooltz (Sozialt Engagement & Benevolat) zielen zu de Gewënner vum 1. Jugendpräis “DE REENERT” zu Wooltz. De Prix du Public geet un den Nuno Pereira duerch säin Engagement am GRIPS vum LNW (groupe secoursites). Merci alle Kandidaten, de Visiteuren, der Jury, dem SNJ, der Jugendkommissioun an der Gemeng Wooltz. Villäicht gewënns du deen nächste “REENERT 2020”. Merci a bis d’nächst Joer!