Awesome Image

Koezio an Chrëschtmaart zu Bréissel

Du wollts dech schonn ëmmer wei een Special Agent fillen? – Dann mell dech hei un, an fuer den 19. Dezember mam Jugendhaus ob Bréissel!


Koezio ass eng special Agent Missioun déi souwuel eng Mëschung aus sportlechen Aktivitéiten, Geschécklechkeet, Teamwork a Wëssen an een “Spill” vun 2 Stonnen vereent. Fir dës souwuel physesch wei och intellektuell Missioun muss een weder den super Athlet, nach den Stephen Hawking sënn. Schlussendlech ass et eng Gruppenerfahrung déi immens vill Spaass mécht. Des weideren notzen mer des Excursioun dann och fir eng Visitt vum Atomium an den Chrëschtmaart am Zentrum vun Bréissel.

Deng Onkäschtebedeelegung vun 84€ beinhalt:

Transport

Koezio – Mission Agents d’élite

Mëttegiessen

Schlittschungfueren an Besuch vum Krëschtmaart zu Bréissel mat Projectiounshow

Owesiessen am Hard Rock Cafe Brussels

Fir all weider Informatiounen kennt dir Eech bei eis op eiser Facebook Säit (Jugendhaus Wooltz), per Handy (691959327) oder per mail: jugendhauswooltz@pt.lu mellen.