Awesome Image

Kachworkshop mam Mayte

Als Seasonfinale mëscht Mayte eis eng gutt Schockelasmousse!

Rezept vum Mayte: Als éischt schneiden ech de Schockela kléng a schmëlzen en mat bësse Botter bei mëttlerer Hëtzt. Wann de Botter geschmolt ass man ech 4 Eessläffel rengen Zocker dobäi. Dat Ganzt muss danngutt vermëscht ginn. Duerno trennen ech d’Eeër a machen dat Gielt vum Ee bei de Schockela. D’Eewäiss klappen ech mam Mixer bis ech eng steif Schnéimass hunn. De Schnéi hiewen ech mat engem Silikonläffel ënnert meng Mousse. Dann machen ech dat selwecht wéi mam Eewäiss nach enker mat 30cl Ram. Dann kann ech meng Schockelasmousse an d’Schossele fëllen a fir puer Stonnen an de Frigo stellen. Gudden Appetit!

Videomaterial: Mayte Y. – Bearbechtung: Christophe T. – Intro Philippe F.