Awesome Image

Jugendhaus – Under Construction

Jugendhaus “Under Construction”

Scho säit Wochen a Méint huet sech d’Gespréich em den Ëmbau am Jugendhaus gedréint,

lo geet et lass,

an dat ass kee Geck, oh gewass!

An där Situatioun wou mir eis befannen, bleiwe mir dobannen,

dat weess all Dawen an all Blannen.

Trotzdeem si mir weider motivéiert an hunn de Projet vum Ausbau lancéiert!

Sandrine stécht voller Iddien an ass Architektin,

mat him zesumme kréie mir an de Projet eng professionell Linn.

 

Du bass interesséiert?

Alles wat mir vun dir brauche sinn 3 Fotoen!

Jo, nëmmen 3 Fotoen déi selwer opgeholl sinn oder aus dem Internet, Bicher, Zeitungen. Atmosphären an deenens du dech wuel fills, eleng, mat Frënn oder der Famill an déi schécks de eis iwwer d’App, eis Mail (jugendhauswooltz@pt.lu), Facebook Messenger, Teams,… an dat bis den 12. Abrëll um Mëtternuecht.

Dono hu mir Méindes, den 13. Abrëll um 15h eng Videokonferenz mam Sandrine a wäerten iwwer de weidere Verlaf vum Projet schwätzen.