Awesome Image

Jugendhaus Online

Déi aktuell Situatioun duerch de Coronavirus, spëtzt sech och hei am Land ëmmer méi zou. Nodeems de Ministère an enger éischter Instanz entscheet huet, all formell a nonformell Bildungsinfrastrukture bis viraussiichtlech den 29. Mäerz 2020 zouzemaachen, ginn et lo ëmmer weider Aschränkungen am ëffentleche Liewen.

De Verstouss vun dëse Reegele gëtt deelweis mat Geldstrofe gereegelt.

D’Situatioun hei am Land a weltwäit ass scho laang net méi fir ze spaassen. Bleift doheem a gitt just nach raus wann et absolut noutwenneg ass oder dir vulnerabele Persoune kennt hëllefen. Vermeit de Kontakt mat anere Mënschen a wäscht är Hänn reegelméisseg.

 

D’Jugendhaus Wooltz wëll mat iech zesummen déi schwiereg Zäit iwwerbrécken.

Online Kachworkshop, Digital Challengen, motivéierend Workouts fir doheem a Projeten ausbaue fir Zukunft…

Du wëlls deng Zäit also och sënnvoll a kreativ notzen? Dann mell dech bei eis iwwer Messenger, Instagram, Mail oder Sms!

Carmen, Davor & Martijn