Awesome Image

Jugendhaus Embau Part II

Jugendhaus Wooltz feat. Architektenbüro “Autonom” mam Sandrine

WOW! De Projet vum Embau vum Jugendhaus kann nemen gudd ginn, wann déi Jonk hir Iddien mat abréngen, dofir wëllen mir op dësem Wee jidderengem Merci soen, deen sech interesséiert gewisen huet an eis seng Fotoen vun Atmosphären zougeschéckt huet. An dëser éichter Phase, konnt jiddereen an engem Webmeeting dem Sandrine seng Fotoen présentéieren an erklären.

D’Wënsch an awer och Problematiken, déi ugeschwat goufen probéiert hat elo an engem éischten Entworf ze berücksichtegen.

E Samschdeg, den 25. Abrëll um 14h ass deen nächsten Meeting mam Sandrine iwwer Microsoft Teams.

Zesummen analyséieren mir deen eischten Entworf, filtren d’Iddien aus der éischter Phase an dir kent dann är Prioritéiten fir dat “neit” Jugendhaus verdäitlechen.