Awesome Image

Jugenddag 2020: Maach mat !

De 17. Juli 2020 ass déi zweet Editioun vum Jugenddag, ee Fest fir déi Jonk aus der Gemeng Wooltz an der Regioun.

  • Hues du Loscht fir mat ze decidéieren, wat op deem Dag alles soll gebuede ginn?
  • Wëlls du dofir suergen, dass um Jugenddag dat gebuede gëtt, wat’s du an deng Kolleege sech op engem Event fir Jonker virstellen?
  • Hues du tëscht 12 an 30 Joer?

Da mell dech an eisen Organisatiounsgrupp! Schreif eng Mail mat denge Kontaktdaten un citymanagement@wiltz.lu oder schreif eis iwwert d’Jugendapp!