Awesome Image

Formatioun Animateur Brevet A

Nächst Animateur Formatioun Brevet A ass den 27. an 28. Dezember 2019 an den 01. an 02. Mee 2020

Du wëlls als Animateur wärend den Summeraktivitéiten fir Kanner an denger Gemeng schaffen?

Du léiers een sozialen Beruff an intresséiers dech fir den Volet “non-formale” Bildung bei Kanner?

An dëser Formatioun ginn Themen wei Basiskompetenzen als Animateur, Verantwortung, Virbildfunktioun, Schaffen am Team, Kommunikatioun, Unmoderatioun vun Spiller, Opsiichtsflicht, Sécherheet, Präventioun an Hygiène duerchgeholl an virun allem gëtt een groussen Spillerrepertoire ugeschaaft.

D’Formatioun gëtt no den Prinzipien vun der non-formal Bildung ofgehalen. Dëst bedeit dass den Participant invitéiert gëtt aktiv deel ze huelen fir sou seng eegen Erfarungen ze maachen. Een Ziel ass et dem Animateur Animatiounen an Spiller unzeegenen fir dass hien oder hatt apt ass dëst praktesch em ze setzen an sech an sengem Rôle als Animateur wuel fillt.

An der Formatioun ginn eegen Erfarungen staark mat agebonnen an droen zur Weiderbildung vun deenen aneren bei. Desweideren soll den Animateur capabel sinn Kritik unzehuelen an ze ginn, sou sollen Stäerkten an Schwächten fir den Eenzelen besser erkennbar ginn.

Fir weider Informatiounen zu dëser Formatioun kontaktéiert d’Jugendhaus Wooltz per Telefon um (691)959327 oder iwwert e-mail: jugendhauswooltz@pt.lu