Awesome Image

Aktvitéitsbericht vum Jugendhaus Wooltz

Aktivitéitsbericht 2019

D’Jugendhaus Wooltz an Zuelen

D’Jugendhaus Wooltz befënnt sech um Rez-de Chaussée an der aler Micheleshall, engem alen Miwwelshaus an der Rue Michel Thilges zu Wooltz. Hei ob Ronn 120 Quadratmeter ass déi  sougenannten „Rencontre“ vun 90m2, bestoend aus enger Kichen, Couch/Fernseeberäich an Spillberäich (Billard Kicker), engem Büro vun ronn 17m2 an engem Ofstellraum vun 8m2.

142 verschidden Jugendlecher hunn un Aktivitéiten am Joer 2019 deelgeholl wou een sech huet missen aschreiwen, dës Zuel zielt reegelméisseg oder sporadesch Visitten vun Jonken NET an.

Den Jéngsten huet 12 Joer an den Eelsten huet 27 Joer. Si setzen sech zesummen aus 93 Meedercher an 45 Jongen. Et kann een een staarken Wuesstem vun den Meedercher an deenen leschten 2 Joer feststellen, waren et der virun 2 Joer nach 52%. 

Am ganzen hunn déi 142 Jugendlecher 979 mol un Aktivitéiten oder Projete deel geholl.  Participatioun ass bei deenen verschiddenen Aktivitéiten an Projete souwuel an der Quantitéit wei och an der Qualitéit immens verschidden. All Detailer zu eisen Aktivitéiten fënnt een am Rapport d´Activité, dëst sprengt hei den Kader. Dës Zuelen hëlt een dann besser aus dem jeeweilegen Projet oder der jeeweileger Aktivitéit eraus. An dësem Detailléierten Rapport hunn mer an der Beschreiwung jeeweils den Duerchschnëttsalter zum Zäitpunkt vun der Aktivitéit an d’Opdeelung vun Jongen an Meedercher notéiert.

Een Projet muss een elo kuerz hei weider beliichten well dësen iwwert 100 mol am Joer 2019 stattfonnt huet: Eisen Kachworkshop.  Vun den momentan 142 aktiven Jonken hunn 68 verschidden Jugendlecher 299 mol um Kachworkshop deel geholl den Méindes, Mëttwochs an Freides an der Mëttesstonn stattfënnt. Detailer zu dësem Projet fënnt een dann och am detailléierten Aktivitéitsbericht fir erof ze lueden (scan den QR-Code). Et muss een zousätzlech soen dass vun den 142 Jugendlechen, 21 „just“ beim Kachworkshop matgemaach hunn an 74 Jugendlecher nëmmen un aneren Aktivitéiten (also nach ni um Kachworkshop) déi gréisstendeels ausser Haus stattfannen. Eng Erklärung ass dass dës Jonk net hei zu Wooltz an den Lycée ginn, an sou zäitlech keng Méiglechkeet hunn mat ze maachen. Et wéisst och staark dass den Objektiv, vill Jonker duerch den Kachworkshop iwwer aner Projete ze informéieren an se sou ze motivéieren aktiv ze ginn, sech realiséiert.

Allgemeng kann een soen dass den Grupp vun Jonken, déi sech staark mam Jugendhaus identifizéiert, ëmmer weider uwiisst. Mir awer anerersäits mierken dass et momentan méi schwéier ass wierklech méi jonk Jugendlecher ze rekrutéieren well den Altersdecalage sech natierlech ëmmer vergréissert.

Allgemeng kann een soen dass den „haarden Kär“ aus engagéierten Schüler vum Lycée besteet. D’Intressen variéieren ganz staark, oft „brauchen“ se d’Jugendhaus als Katalysator vun hiren Iddiën, spréch engersäits wéinst der Ressource „Educateur“ ma och vill wéinst den techneschen Méiglechkeeten déi si hei fannen. 

Detailléierten Aktivitéitsbericht

https://www.dropbox.com/sh/yw9e9lplpskq8hs/AABvbt1FD5F8BXCJokgMpVNMa?dl=0

Ëffentlechkeetsaarbecht 

Och am Joer 2019 hunn mer verschiddenst Aktivitéiten an Projete gemaach déi d’Jugendhaus no baussen sollen promouvéieren. Dëst geet vun engem Stand ob der Porte-Ouverture am Lycée iwwert eng speziell Porte-Ouverture fir d’Kanner aus dem Cycle 4 aus der Grondschoul bis hin zu 26 verschiddenen Artikelen hei an der „Zeitung fir Wooltz“.

 

Jugend-App

D’Entwécklung vun der éischter nationaler Jugend-App zesummen mat der Jugendkommissioun vun Wooltz huet fir eis prioritär Ziel d’Angebot vum Jugendhaus ze verbreeden an eis no baussen weider Siichtbar ze maachen. 

Eng Initiativ vun der Jugendkommissioun vun der Gemeng Wooltz an Zesummenaarbecht mam Syndicat  d’Initiative, dem Jugendhaus Wooltz, dem Jugendbureau Eislék, dem Kannerbureau Wooltz, der Jeunesse Rulljen an der Jeunesse Eeschwëller. D’Jugendapp ass vun der Gemeng Wooltz finanzéiert.

Youtube Channel

D’Filmer, déi vun eisen Jonken no villen Aktivitéiten an Projete zesummegeschnidden ginn, sou wei och divers Interviews kann een ob eisem Youtube Channel fannen. D’Jugendhaus ass héich motivéiert sech am digitalen Mediensektor ëmmer weider ze entwéckelen. Héi muss een den Fortschrëtt vun deenen Jonken dann och unerkennen an den gréissten Deel vun den Videoë total autonom entstinn an si souguer mëttlerweil d’Musek ze dësen Filmer selwer komponéieren an aspillen. Si notzen dann och ëmmer méi Techniken wei „Green Screen Box“, Gimbals beim filmen, anstänneg Mikrophonie an sou weider.

Fir sech beschtméiglech een Bild kënnen ze maachen verweisen ech hei mol direkt nach eng kéier ob eisen Youtube Channel wou een Videoë zu deenen verschiddensten Projete fënnt:
  

   

Verschidde Kooperatiounen

 

Service National de la Jeunesse:

Zum engen sinn mer Vertrieder an der „Comission consultative vun der Formation Brevet A“ wou mer zesummen mam SNJ och Auteur vum „Dossier de l’animateur A“ sinn an sou eisen know-how fir d’Ausbildung an den Rekrutement vun Animateuren wëllen weider ginn. Dësen erreecht der iwwert den QR Code oder iwwert folgenden Link:Dossier de l’animateur A

Desweideren schaffen mer grad staark drun fir d’Zesummenaarbecht vun Jugendhaiser an SEA Strukturen (Maison Relais) national ze stäerken. Dëst geschitt ënnert anerem andeems mir als Jugendhaus Vertriedung um „Nationalen Journée d’Échange fir Spillpädagogik fir d’Maison Relais“ Presentatiounen maachen an sou weisen wéi eng Maison Relais vun engem Jugendhaus kann profitéieren an vis versa.

Dann sinn mer am Aarbechtsgrupp zur Erstellung vun der nationaler „pedagogescher Handreichung“ zum Thema Participatioun. Dëst ass een Thema wat eis am Jugendhaus immens um Häerz leit, well den Leeschtungsdrock zur Quantitéit vun baussen den Jugendaarbechter oft dozou verleeden kéint manner participativ ze schaffen. Eng staark participativ Approche verlängert an erschwéiert deemno wéi den Entwécklungsprozess vun Projete oder Aktivitéiten. Et ass oft vill méi ëmständlech et méiglechst Participativ ze gestallten wei et reng konsumativ duerch ze zéien. Mä genau dorëms geet et am Jugendhaus – déi Jonk maximaalst anzebannen.

Hei ass een Extrait aus engem méi alen Artikel aus der Zeitung fir Wooltz den eis Positioun beschreift: 

„Engt vun de fundamentale pedagogesche Standbeen an der Jugendaarbecht am Jugendhaus Wooltz ass d’Participatioun. Vue dass d’Statistike weisen dass méi „Savoir“ a „Savoir faire“ duerch déi Aktiv „Teilhabe“ wei duerch eng éischter passiv „Teilnahme“ entsteet, probéieren d’Educateuren am Jugendhaus am Alldag Bildungs Momenter ze schafen déi genau dëst fërderen.“

Symposium vun der Jugendaarbecht: Hei ass et och sou dass d’Jugendhaus Wooltz een aktiven Part iwwerholl huet an sou Moies eng Presentatioun zum Thema Informatioun an Zesummenaarbecht mat Jonken iwwert digital Medien (Jugend App + Trello) gemaach huet (Praxisbeispiller) an un verschiddenen „Table Rondes“ deel geholl huet. Mëttes ginn verschidden Diskussiounsgruppen gemaach wouvunner mir eng moderéieren. Themen sinn an dësen Diskussiounsgruppen waren:

Wei eng Mediekompetenz brauch ee Jugendaarbechter?

Wéi kann een nei Medien notze fir mat de Jonken ze kommunizéieren?

Wéi een Ëmgang mat dem Online-Gaming?

Wéi een Ëmgang mat negative Phenomener? 

Service d’Éducation et d’Accueil – Maison Relais

Eis Zesummenaarbecht mat den Maison Relais (Kannerhaus a.s.b.l) ass immens Villfälteg ob verschiddenst Projete verdeelt. Engersäits sinn mir Coorganisateur an Partner am Kannersummer. Dëst sinn gemengen Aktivitéiten fir Kanner tëscht 4 an 12 Joer déi an der Summervakanz stattfannen. Hei iwwerhëlt d’Jugendhaus d’Roll vum Formateur vun den Animateuren, den Rekrutement vun den Animateuren an verschiddenst organisatoresch Ofleef, sou wéi Planung vun verschiddenen Ateliere. Genausou ass d’Jugendhaus an der Gestaltung vum Site staark mat bedeelegt. Dozou kënnt eisen Hauseegenen Atelier, den „Spill Sport a Spass“. Dësen Atelier ass engersäits den Atelier mam gréissten Succès am Kannersummer, iwwert 50 Kanner vun 200, an anerersäits ass et den Atelier mat den meeschten Animateuren. Och um Site hëlt eis „Arena“, wei mir se nennen, eng grouss Roll an. Zousätzlech zu den Spiller an Rallyen fir Cycle 4 Kanner gëtt et hei als Dagesofschloss all Dag am Kannersummer eng Kannerdisco déi sech dann och un all Kanner riicht. Den Site vun 2020 ass well an Planung wou souguer een Jugenddeel soll entstoen.

Am Kader vun dësem Aktivitéitsbericht muss een och déi wëchentlich Visitten vun den 3 Maison Relais vu Wooltz ernimmen. Den Artikel an der leschter weelzer Zeitung huet genau dësen Punkt duerchliicht.

Formatioun zu Spillpädagogik mat allen Partner aus dem Kannersummer

Mä och eng Formatioun huet d’Jugendhaus zesummen mat den Acteuren vum Kannersummer ob d’Been gestallt fir sou d’Wëssen zum Thema „Spillpädagogik“ ze verdéiwen an awer och eis Zesummenaarbecht fir den Summer ze stäerken.

Aner Acteuren aus dem Kannersummer sinn COOPERATIONS, Oasis, CIGR, Conex an den  Kanner- an Jugendbüro. Dës homologéiert Formatioun gouf vun der Académie Citoyenne BAO-Jeunesse a.s.b.l gehalen an huet insgesamt 8 Deeg an Usproch geholl.

Jugendkommissioun

Als Member an der Jugendkomissioun schaffen mir hei mat Jugend- an Kannerbüro, den Jeunessen Eschwëller an Rulljen, Gemeng an aner Membren zesummen. Sou hunn mir den Jugenddag mam Jugendpräiss an d’Liewen geruff. An et ass och eng regional App entwéckelt ginn déi den Feedback vun Jonken un d’Gemeng soll erliichteren an den verschiddenen Jugendacteuren eng gemeinsam Plattform bitt sech an hir Aktivitéiten ze promouvéieren. Weider Informatiounen zum Jugenddag fannt dir am detailléierten Aktivitéitsbericht.

Ausbléck 2020: 

Kannersummer: Jugendberäich an Colab

An der wöchentlicher Teamsitzung am Kannersummer ass eng Problematik ugeschwat ginn déi sech an deenen leschten Joren verstäerkt huet. An zwar ginn et ëmmer méi Kanner an der Maison Relais, déi 11/12 Joer hunn, an manner Intresse un den regulären Ateliere vum Kannersummer, ausser dem „Spill, sport a Spass“, weisen. Den SSS ass do eng Ausnam well se do vill méi mat Jugendlechen an Kontakt kommen. Vue dass den SSS awer just Mëttes stattfënnt setzen dës Teenager reegelméisseg an eiser „Arena“ an hunn bis Mëttes gewaart dass den SSS lass geet. Wärend dëser Zäit waren eis Animateuren am sougenannten „Back Stage“ ëmgaangen d’Spiller an Rallyeën vun Mëttes vir ze bereeden. 

Dorausser ass d’Iddi entstanen den villäicht méi intressanten „Backstage“ am nächsten Joer fir Teenager ob ze maachen. Dëst bedeit konkret dass engersäits d’Fläch vun dësem Beräich staark muss vergréissert ginn. Anerersäits wëllen mer d’Rencontre aus dem regulären Jugendhaus dann an dësen Beräich verleeën (sou wei d´Maison Relais jo och komplett op den Site plënnert), spréch Billard, Kicker, Wii etc zur Verfügung stellen, an dat ganzt mat Chill Out Lounge an Open Air Kino Eck ausbauen. Elo sollen wärend dem Kannersummer d’Kanner ab 10 Joer an dësen Beräich eran duerfen. Hei sollen dann awer och eis Animateuren d’Preparatiounen fir den „Spill, Sport a Spaass“ maachen an sou déi méi Jonk motivéieren un dësen Preparatiounen deel ze huelen. Desweideren sollen an dësem Beräich och Jugendhaus eegen Ateliere stattfannen, wéi zB Siebdruck, Film- an Tounbearbeschtung, Danz an nach aner kreativ Ateliere. Dann ass d’Initiative „CoLab“ un eis erun getrueden fir am Kannersummer een aktiven Part ze iwwerhuelen. Dëst gesinn mir och ganz gutt am Jugendberäich. 

CoLab Beschreiwung: 

CoLab ist ein Ort der Maschinen, Gemeinschaft und Weiterbildung miteinander verbindet, mit dem Ziel seinen Mitgliedern neue Möglichkeiten in den Bereichen Design, Prototypentwicklung und Fertigung anzubieten welche mit individuellen Mitteln nicht möglich wären. 

Dësen Jugendberäich soll dann, ausserhalb vun den Kannersummer Zäiten, och fir den Jugenddag 2020 genotzt ginn, sou wei divers Events wéi Open-air Kino, Talent Showe, Musek Jam Sessions, Danzworkshops an Virféierungen an nach villes méi genotzt ginn.

Formatioun Animateur Brevet B

Fir eng Progressioun an eisen Formatiounen ze hunn, an och well d’Maison Relais aus Responsabilitéitsgrënn gär verschidden Animateure mam Brevet B wëll astellen, striewen mir eng Homologatioun un fir dës Formatioun selwer kënnen ze halen. Am Moment ass dëst engersäits aus Personalmangel an anerersäits aus Plazmangel net méiglech. 

Digital Medien an der oppener Jugendaarbecht am Jugendhaus Wooltz

Eis Jonker sinn immens un „neien Technologien“ an „digitalen Medien“ intresséiert. An heimat mengen mir net nëmmen Sozial Netzwierker wei Facebook, Instagram an Snapchat.   

Demande no engem benotzbaren Greenscreen fir sou d’Qualitéit vun den Jugendhaus Videoë ze verbesseren, klengt net of, wat vun héijer Motivatioun weist. Soss muss een soen dass d’Personal déi Jonk no Méiglechkeet am Intresse vun den digitalen Medien ënnerstëtzt. 

Zesummenaarbecht Lycée du Nord

Eisen Stand ob der Porte Ouverte soll zu Promo an Informatiounszwecker all Mount an enger Paus am Lycée am Forum present sinn. Mir plangen grad nach un der Ëmsetzung an der Inclusioun vun eisen Jugendlechen an Animateuren an dëser Saach.

Jugendhaus Wooltz kritt 30 Joer

2020 steet also um Enn vum Joer een groussen Gebuertsdag an d’Haus. D’Jugendhaus Wooltz gëtt 30. D’Motivatioun beim Jugendhaus Personal sou wei beim Comité vun der A.s.b.l ass héich sech den zukünftegen Erausfuerderungen ze stellen an sech ëmmer weider ze entwéckelen.

Ausbau Jugendhaus

Ab 2020 soll de Projet „Jugendhaus Ausbau“ konkret lass goen. D´Michelshall, déi virdrun fir Fester vun der Gemeng zur Verfügung gestallt gouf, gëtt net méi verlount an gëtt lo en Deel vum Jugendhaus. Sou wei de Sall elo ass, kann en nach net richteg fir d´Arbecht mat den Jonken genotzt ginn. Et ass wichteg datt den Raum sou ausgestatt gëtt datt en déi pädagogesch Aarbecht déi vum edukativen Personal uviséiert gëtt erméiglecht/ erliichtert gëtt.  

Schlusswuert

D’Jugendhaus Wooltz kann also ob een Joer voller Aktivitéiten zeréck blécken. Déi Jonk vum Jugendhaus Wooltz iwwerraschen eis all Dag an hirem Tatendrang, an der Motivatioun eng Ressource fir anerer ze sinn, am Zesummenhalt an mat enger Dynamik déi villes erméiglecht, och wann dëst dann villäicht oft bëssi méi chaotesch fir eis Generatioun kéint ausgesinn. Mir soen eisen Jonken heivir villmols Merci!